D'Kierchen aus dem Parverband: Betzder, Ouljen, Rued/Syr, Menster, Nidderdonven, Uewerdonven, Haaster, Fluessweiler
 PARVERBAND WIDDEBIERG
 

Hëllefsactioun 1999/2000

Caritas Lëtzebuerg: Eng Schoul fir d'Kanner vu Bubavec (Kosovo)

De Projet

Am Kosovo sin eng 1.400 Dierfer (ronn 2/3 vun allen Uertschaften) am Krich zerstéiert gin - iwwer 54% vun den Haiser (ronn 180.000) ware futti. Bis den Hierscht 1999 waren ëm déi 90% vun de Réfugiéen an de Kosovo zréck gaang, esou datt et virum Wanter geheescht hat, d'Haiser nees bewunnbar ze maachen. An Zesummenaarbecht mat Caritas Schwäiz hat d'Lëtzebuerger Caritas e Projet op d'Bee gesat, fir 900 Haiser an 8 Dierfer wanterfest ze maachen a spéiderhin nees ganz an d'Rei ze setzen. Caritas Lëtzebuerg wollt sech do ganz besonnesch op d'Duerf Bubavec konzentréieren, wou just 7 vun am ganzen 224 Haiser kee Schued dervu gedron haten. Am Summer 1999 hat den Ausseministère décidéiert, der Caritas hire Projet fir den Opbau am Kosovo mat ze finanzéieren. Dat huet bedeit, datt all Mëttelen, déi d'Caritas opbruecht hat, vum Staat verduebelt gi sinn. Caritas Lëtzebuerg engagéiert sech am Kosovo, ouni no de reliéisen, ethneschen oder politeschen Astellungen vun de Leit ze uurteelen. "Hëllef zur Selbsthëllef" as ee vun de Grondprinzipien vun hirem Engagement.

D'Actioun am Parverband

D'Schoul vu Bubavec ass am Krich uerg matgeholl ginn a konnt just provisoresch fonctionnéieren.
De Parverband Widdebierg hat sech zum Zil gesat, déi Schoul erëm esou opzeriichten, datt en normalen Schoulbetrib fir di ronn 400 Kanner aus der Uertschaft nees méiglech gët.
D'Schoul ass besonnesch wichteg, well ënnert der serbescher Okkupatioun di albanesch Sprooch ënnerdréckt gin as. Op déi Manéier war di albanesch Minoritéit am Kosovo praktesch vun der Schoulbildung ausgeschloss. Caritas Lëtzebuerg huet regelméisseg an de lëtzebuerger Medien Rapport iwwer hir Aarbecht am Kosovo gemaach.

Den Total vun 41.107,17 € setzt sech zesummen aus Donen vu Privatleit aus dem Parverband an ausserhalb, Afferen an deene 5 Kierchen, Donen vu verschiddene Veräiner (Fraen a Mammen vu Berbourg, Betzder a Rued; Chorale Ste. Cécile Rued) an engem Don vun der Betzder Gemeng. Et as derwäert ernimmt ze gin, datt d'Kommiounskanner aus dem Parverband op en Deel vun hire Cadeauen verzicht haten, an esou eng Zomm vu 7.517,87 € bäigesteiert haten.

Bei der Iwwerrrechung vum Scheck haten d'Memberen vum Groupe Humanitaire an de Vertrieder vu Caritas-Lëtzebuerg, den Dr. Michael Feit, sech gefreet iwwer d'Resultat vun der Actioun:

Donen Rued + Familljefester Moes a Sinner8.118,51 €
Donen Menster627,17 €
Donen Ouljen a Banzelt1.628,66 €
Donen Betzder, Bierg, Haaster940,76 €
Donen Fluessweiler/Buchholz461,08 €
Done vun ausserhalb dem Parverband4.201,80 €
Donen éischt Kommioun7.517,87 €
Kierchenaffer zu Menster2.201,17 €
Kierchenaffer zu Rued6.529,52 €
Kierchenaffer zu Ouljen1.150,67 €
Kierchenaffer zu Fluessweiler2.086,45 €
Kierchenaffer zu Betzder (Kierch a Klouschter)1.677,22 €
Don vun der Gemeng Betzder2.478,94 €
Don Fraen a Mammen Berbourg743,68 €
Don Fraen a Mammen Betzder247,89 €
Don Fraen a Mammen Rued495,75 €
Don Chorale Rued (am Affer abegraff)--
Total41.107,17 €