D'Kierchen aus dem Parverband: Betzder, Ouljen, Rued/Syr, Menster, Nidderdonven, Uewerdonven, Haaster, Fluessweiler
 PARVERBAND WIDDEBIERG
 

Hëllefsactioun 2001/2002

Fondatioun Lëtzebuerg-El Salvador: Kannerheem «Amor y Esperanza»

D'Fondatioun Lëtzebuerg-El Salvador

Den Abbé Gloden vu Mertert lieft zënter 1969 am El Salvador, wou hien nieft sénger Aarbecht fir d'Kannerheem «Amor y Esperanza», directeur spirituel am Séminaire vu San Salvador ass an e Formatiouns- a Retraitenhaus zu La Majada leet. D'Associatioun Lëtzebuerg - El Salvador, déi den Abbé Gloden a sénger Arbecht ënnerstëtzt, huet sech den 22. Abrëll 2003 als Fondatioun Lëtzebuerg - El Salvador constituéiert an ass als ONG vum Stat unerkannt ginn.

De Projet

Op Initiativ vum Abbé Gloden gouf zu Santa Ana en Heem fir d'Stroossekanner gebaut. Et fonctionnéiert zënter 1998. Am Moment wunnen eng 30 Bouwen am Heem, vill vun hinne sinn drogenofhängeg gewiescht. Elo gi si an d'Schoul fir spéider en Handwierk ze léieren.

Lëtzebuerg - el Salvador huet geplangt, beim Kannerheem zu Santa Ana e Stéck Land vu 4 bis 8 Hektar ze kafen. Dësen Terrain soll landwirtschaftlech genotzt gin.
D'Iddi war un éischter Plaz, e Gaart unzeléen an deem Bounen, Mais oder Uebst gezillt ginn, déi fir d'Eegeversuergung vum Heem gebraucht ginn oder um Maart verkaaft kënne ginn.
Op déi Manéier kënnt d'Heem fir d'Finanzéierung vun de laafende Käschten, nieft de Spenden, och op en eegent Akommes zielen.
D'Aarbecht am Gaart soll de Kanner aus dem Heem nei Perspektiven fir hir Zukunft ginn.

D'Actioun am Parverband

Samschdes den 29. Juni 2002 huet den Abbé Gloden mat eis an der Rieder Kierch d'Virowesmass gefeiert an de Scheck vun der Spendenactioun am Parverband Widdebierg entgéint geholl, déi den Advent 2001 ugelaf ass a mat der Kommioun 2002 ofgeschloss gin ass.

D'Zomm vun 61.100 Euro setzt sech aus dëse Chifferen zesummen:

Kierchenafferen an deene 5 Paren14.328,43 €
122 Privatdon'en16.232,48 €
Don'en vun de 37 Kommiounskanner an hiren Elteren10.911,26 €
Don'en vu verschiddene Fester aus dem Parverband1.967,75 €
Don vun der ACFL Betzder745 €
Don vun der ACFL Fluessweiler2.000 €
Don vun der ACFL Rued - Syr500 €
Don vun der Chorale Ste Cécile Fluessweller125 €
Don vun der Chorale Ste Cécile Rued - Syr250 €
Don vun de Massendénger vu Betzder247,89 €
Don'en fir Begriefnesser10.903,60 €
Don vun der Recette communale vun der Gemeng Betzder2.500 €
Don vun den Oeuvres Paroissiales Rued - Syr (Zënsen)388,59 €
Total61.100 €