D'Kierchen aus dem Parverband: Betzder, Ouljen, Rued/Syr, Menster, Nidderdonven, Uewerdonven, Haaster, Fluessweiler
 PARVERBAND WIDDEBIERG
 

Hëllefsactioun 2002/2003

ONG "Eng oppen Hand fir Malawi": Hongerhëllef am Malawi

D'ONG "Eng oppen Hand fir Malawi"

Zënter 1959 sinn d'Zithaschwësteren am Malawi täteg a vun 1989 un ënnerstëtzt d'ONG virun allem zu Namitete, 60 km vun der Haaptstat Lilongwe ewech, d'St. Gabriel's Hospital a sénge Gesondheetsprojeeën. D'ONG schafft hei zu Lëtzebuerg nëmme mat fräiwëllege Mataarbechter zesummen an d'Suën aus den Donen kënne praktesch integral fir d'Hëllef um Terrain genotzt ginn.
Am Joer 2002 schaffen op der Plaz eng lëtzebuergesch Schwëster, d'Sr Justina Morn, an e puer malawianesch Schwësteren, déi lues a lues an d'Aarbecht agebonne ginn, an eng 100 afrikanesch Leit fir d'ONG - Dokteren, Infirmièren, medezinesch Assistenten an Aarbechter. Sou ass d'Spidol an engem Ëmkrees vun 30 km och ee vun deene gréissten a wichtegsten Employeuren.
D'Spidol ass fir ongeféier 200.000 - 250.000 Leit do, déi am Spidol selwer an och op den Dierfer betreit ginn.

De Projet

Kuerzfristeg gesinn huet d'ONG déi selwecht Zomm missen zur Verfügung stelle wéi 2001, fir der akuter Hongersnout entgéint ze wierken, d.h. tëschent 60.000 a 70.000 Euro.
Mëttel - a laangfristeg ass geplangt, e Projet op d'Been ze bréngen, deen et erlaabt, iwwer 3 bis 5 Joer de Leit an den Dierfer ze hëllefen, aner Nahrungsressourcen z'entwéckelen an hinnen ze weisen, Geméis unzeplanzen, Kanéngercher ze halen oder esouguer Fëschweiheren unzeleeën an och fir proppert Waasser an den Dierfer ze suergen. Derniewt soll hinnen als Startméiglechkeet Dünger a Geséims gestallt ginn.

D'Actioun am Parverband

Ziel vun der Aktioun am Parverband war et, der ONG "Eng oppen Hand fir Malawi" di néideg Mëttelen zoukommen ze loossen, fir der akuter Nout entgéint ze wierken, dat heescht fir kënne Liewensmëttel a Medikamenter ze kafen an der betraffener Populatioun ze verdeelen.

Parallel zu der Spendenaktioun si Kleeder gesammelt ginn, déi d'ONG am Summer 2003 mat engem groussen Envoi an de Malawi geschéckt huet.

Um Enn vun der Aktioun ass des Wo, déi d'Actioun an der Rieder Kierch begleet huet, engem symbolesche Gläichgewiicht méi no komm, dat e klengen Hoffnungsschimmer fir de Malawi bedeit.
E grousse Merci allen Donateuren.

Den 31. Mee 2003 an der Mass vu samschdes Owes huet de Groupe Humanitaire e Scheck vu 55.313,44 € un d'ONG "Eng oppen Hand fir Malawi" iwwerreecht.

D'Kommiounskanner, déi eleng d'Zomm vun 11.270,56 € bäigesteiert hunn, andeems se op e groussen Deel vun hire Cadeauen verzicht haten, konnten dëse Scheck un d'Vertriederinne vun der ONG, d'Schwëster Ursula Becker an d'Schwëster Véronique Weis weiderginn.

An engem flotten Diasmontage hunn d'Schwësteren de Merci vun de Kanner aus dem Malawi un d'Leit aus dem Parverband a vun auswäerts eriwwerbruecht. D'Biller hunn eis gewisen, datt duerch d'Schaffe vun der ONG am St. Gabriel's Hospital zu Namitete deene Leit, déi um Hëllefsprogramm deelgeholl haten, di gréissten Hongersnout erspuert bliwwen ass. D'Schwësteren hunn allen Donateuren e waarme Merci gesot fir hir Solidaritéit.

Och wann dëst net wéi di Jore virdrunn e Projet war, deen eng längerfristeg Entwécklung mat sech bréngt, mee dee géint déi akut Hongersnout gewiert huet, war de Groupe Humanitaire ganz erfreet iwwert dat formidabelt Resultat vun 55.313,44 €.

Allen Donateuren, Veräiner an och der Gemeng Betzder e grousse Merci!

Collectes Roodt/Syre7818,22 €315386 LUF
Collectes Mensdorf2989,33 €120589 LUF
Collectes Olingen1775,00 €71603 LUF
Collectes Flaxweiler2542,88 €102580 LUF
Collectes Betzdorf1986,09 €80119 LUF
Collectes Centre Hospitalier738,39 €29787 LUF
Don Mémoire M. Victor Thill3310,00 €133525 LUF
Don Mémoire Mme. Bebby Walentiny2022,00 €81567 LUF
Don Mémoire Mme. Cécile Faack965,50 €38948 LUF
Don Mémoire (Collecte) Mme. Céline Bremer381,86 €15404 LUF
Don Mémoire (Collecte) M. Zenon Hoffmann476,00 €19202 LUF
Don Mémoire Mme. Diderich Betzdorf150,00 €6051 LUF
Don Mémoire (Collecte) Sours Inst. St. Joseph Betzdorf187,37 €7558 LUF
Don Associations: Sapeurs Pompiers Mensdorf200,00 €8068 LUF
Don Associations: Fraen a Mammen Rued-Syr500,00 €20170 LUF
Don Associations: Fraen a Mammen Betzdorf600,00 €24204 LUF
Don Associations: Coin de terre et le Foyer Olingen1250,00 €50425 LUF
Don Associations: Chorale Ste. Cécile Rued-Syr250,00 €10085 LUF
Don Naissance Anna Zeimes2232,00 €90039 LUF
Don Adm. Comm. Betzdorf2500,00 €100850 LUF
Don Communion 200311270,56 €454653 LUF
Don div. pers. ind.3343,24 €134866 LUF
Don direct Compte "Eng Oppen Hand fir Malawi"7825,00 €315660 LUF
Total55313,44 €2231339 LUF