D'Kierchen aus dem Parverband: Betzder, Ouljen, Rued/Syr, Menster, Nidderdonven, Uewerdonven, Haaster, Fluessweiler
 PARVERBAND WIDDEBIERG
 

Hëllefsactioun 2004/2005

SOS-Interfonds: E Sozialzentrum fir Maracay (Venezuela)

De Projet

Iwwer d'Halschent vun den Awunner aus dem Venezuela liewen am Armut, d'Kanner hu besonnesch drënner ze leiden. Am Norde vum Land, do wou di meeschten Awunner liewen, sinn dofir eng Rei SOS-Kannerdierfer fir Weesekanner opgeriicht ginn. Niewent verschidde Kannerdierfer ginn SOS-Sozialzentren opgeriicht, déi d'Leit beroden a medizinesch Hëllef ubidden. Eng équilibréiert Ernährung verhënnert Mangelerscheinungen bei de Kanner. Well d'Kanner an den Zentren versuergt ginn, hunn hir dacks elengstoend Mammen d'Geléenheet, schaffen ze goen. D'Zentere bidden de Fraen nei Perspektiven an droen dozou bäi, datt d'Kanner net einfach sech selwer iwwerloss bleiwen oder esouguer ausgesat ginn.

De Projet vun SOS-Interfonds begräift de Bau vun esou engem Sozialzentrum zu Maracay, dat läit 2 km vun engem Kannerduerf ewech. D'Kanner, déi dacks op der Strooss liewen, kréien hei eng Molzecht den Dag, di néideg medezinesch Hëllef an eng elementar Ausbildung. SOS-Interfonds versicht weltwäit säin Engagement dohinn ze orientéieren, datt de Kanner hir Famillen mat agebonne ginn, fir ze verhënneren, datt d'Kanner am Stach geloos ginn. Fraen, déi hir Kanner eleng erzéie mussen a Famillen, déi a sozialer Nout sinn, kréien an den Zentren ënnert d'Aerm gegraff. Den Zentrum zu Maracay soll 420 Kanner tëscht 6 Méint an 8 Jar an eng 100 jonk Mammen betreien.

Well den Terrain nach net prett ass, gëtt mam Bau vum Zentrum eréischt am Hierscht 2005 ugefaang an nët, wéi geplangt am Mäerz 2005.

D'Actioun am Parverband

D'Actioun am Parverband huet sech op d'Bannenariichtung vum Gebai konzentréiert.

Insgesamt goufen 47.165,11 € gespendt. Am Numm vun all deenen, deenen dës Sozialstatioun zugudd kënnt, soe mir all Donateuren en häerzleche Merci!!!

De Scheck mam Erléis vun der Hëllefsactioun 2004/2005 as samschdes, den 28. Mee 2005, am Kader vun der Virowendmass zu Rued iwwerreecht ginn. Bei däer Geleeëenheet huet d'Präsidentin vun SOS Interfonds, d'Madame Molitor, alle Spender - a besonnesch de Kommiounskanner - e ganz härzleche Merci gesot.

Am Eenzelnen setzt sech den Erléis folgendermoossen zesummen:

Collectes Rued-Syr4.848,50 €
Collectes Menster2.599,65 €
Collectes Ouljen1.772,00 €
Collectes Fluessweiler2.827,11 €
Collectes Institut St.-Joseph582,00 €
Collectes Betzder1.482,50 €
Don Mémoire de Mme. Anna Feiereisen-Schmit1.249,30 €
Dons Communion 200511.423,68 €
Don Fanfare de Mensdorf, Concert de Noël700,00 €
Don Fraen a Mammen, Par Betzder500,00 €
Don Fraen a Mammen, Par Rued-Syr500,00 €
Collecte Mémoire de Mme. Mack448,00 €
Don Garage Rudy Reuter, Beggen1.500,00 €
Don Stark SA, Rued-Syr311,55 €
Don Anniversaire Vic Didderich500,00 €
Collecte Concert "The Art of Music"540,00 €
Collecte Chorale Ste. Cécile Roodt/Syre, Caeciliendag156,00 €
Don Commune de Betzdorf 2.500,00 €
Collecte Noces d’Or Fam. Schmit-Altmann, Ouljen330,00 €
Don Chorale Ste.-Cécile, Flaxweiler100,00 €
Dons Personnes divers 6.244,82 €
Dons directs SOS Interfonds5.090,00 €
Total47.165,11 €