D'Kierchen aus dem Parverband: Betzder, Ouljen, Rued/Syr, Menster, Nidderdonven, Uewerdonven, Haaster, Fluessweiler
 PARVERBAND WIDDEBIERG
 

Hëllefsactioun 2016/2017

partage.lu: nohalteg Landwirtschaft am Kongo

De Projet

Di lokal Landwirtschaft an der Provënz Kasaï am Kongo ka bis ewell net genuch Iesswueren an och net an enger gudder Kalitéit produzéieren. Am meeschten dorënner ze leiden hunn d'Kanner, vill vun hinne kënne sech net sat iessen.

An Zesummenaarbecht matt partage.lu - dat ass den neien Numm vu Bridderlech Deelen - këmmert sech d'Kooperativ Bidjeb Bidjeb drëm, jonke Leit eng Formatioun a modernen Technike vun der Landwirtschaft ze ginn, déi et erlaaben, de Rendement ze verbesseren an op laang Siicht de Buedem an engem gudden Zoustand ze erhalen.

D'Actioun am Parverband

Vum Advent 2016 bis d'Kommioun 2017 hut den Dekanat Maacher bei dësem Projet matgemaach. An der Owesmass vum 24. Juni 2017 ass de symbolesche Scheck iwwer 54.370 € u partage.lu iwwerreecht ginn. Allen Donateuren duerfir e ganz häerzleche Merci!

Photoen: © partage.lu