D'Kierchen aus dem Parverband: Betzder, Ouljen, Rued/Syr, Menster, Nidderdonven, Uewerdonven, Haaster, Fluessweiler
 PARVERBAND WIDDEBIERG
 

Hëllefsactioun Faaschtenzäit 1992

Lëtzebuerger Initiativ fir Kroatien: Liewensmëttel fir Nova Gradiska

De Projet

D'Lëtzebuerger Initiative fir Kroatien huet sech ufanks vun den 90er Joren an der Grenzregioun tëschent Kroatien an Bosnien-Herzegowina ëm di elementar Versuergung vun de Flüchtlinge gekëmmert.

D'Actioun am Parverband

An der Faaschtenzäit 1992 huet de Groupe humanitaire en Opruff gemaach fir Liewensmëttel ze spenden, déi mat engm Convoi an d'Kriseregioun gefouert gi sinn.