D'Kierchen aus dem Parverband: Betzder, Ouljen, Rued/Syr, Menster, Nidderdonven, Uewerdonven, Haaster, Fluessweiler
 PARVERBAND WIDDEBIERG
 

Hëllefsactioun 2005/2006

Caritas Lëzebuerg: Hongerhëllef fir den Niger/Afrika

De Projet

Zanter 2004 hunn d'Leit am afrikanesche Staat Niger mat enger ganz schlechter Liewensmëttelversuergung missen auskommen. Duerch d'Dréchent an d'Heesprénger ass net vill op de Felder gewuess an en Deel vum Véi ass erdiischtert. D’Grondliewensmëttel sinn doduerch am Präis enorm eropgaang a vill Leit kënne sech déi net méi leeschten. D’Ënnerernierung ass eng direkt Konsequenz dovun an et si virun allem Fraen a Kanner, déi drënner ze leiden hunn.

Caritas Lëtzebuerg huet iwwer Caritas Niger eng akut Hongerhëllef fir d'Leit am Niger ageriicht. D'Verdeele vu Liewensmëttel an de Verkaf vu Geseems zu moderate Präisser sinn d'Haaptakzenter vum Hëllefsprogramm. Doniewt ginn am Kader vum Programm «Food for work» Mauere ronderëm d'Felder ugeluecht fir de Buedem ze stabiliséieren an d'Erosioun opzehalen. Des weideren solle 12.600 Kanner an 2.520 Fraen a speziellen Zentren elementar medezinesch Hëllef kréien.

D'Actioun am Parverband

Vill grouss Naturkatastrouphen hunn ëmmer nees di international Solidaritéit gefuerdert. Dem Parverband Widdebierg war dru geleeën, aner humanitär Katastrophen, déi vläicht manner mediatiséiert awer sécher net manner schlëmm sinn, net aus den Aen ze verléieren. Aus deem Grond huet de Parverband sech der Actioun vu Caritas am Niger ugeschloss.

E Scheck iwwer net manner wéi 56.358 € konnt an der Mass vun Erläichendag, den 19. Juni 2006 an der Kierch zu Fluessweiler iwwerreecht ginn.

D'Feier war a Präsenz vum Bëschof Ambroise Ouedraogo vu Maradi (Niger), vum Koordinator vu Caritas Niger, Raymond Younoussi Yoro a vum Erny Gillen an dem François Jacobs vu Caritas Lëtzebuerg.

A sénger Usprooch huet de Mgr. Ouedraogo allen Donateuren e ganz häerzleche Merci gesot.