D'Kierchen aus dem Parverband: Betzder, Ouljen, Rued/Syr, Menster, Nidderdonven, Uewerdonven, Haaster, Fluessweiler
 PARVERBAND WIDDEBIERG
 

Hëllefsactioun 2012/2013

Objectif Tiers Monde (OTM): Schoulopbau an Haïti

De Projet

Haïti ass daat ärmste Land vun der westlicher Hemisphär, e Land waat regelméissig ënner Naturkatastrophen ze leiden huet. D'Leit vum OTM kennen d’Land ewell ganz gudd a si ginn och regelméisseg op d'Plaatz fir a laangfristege Projeeën deenen haïtianesche Partnerorganisatiounen ze hëllefen.

D'Haaptprojeeë vum OTM si Schoulen, handwierklech a berufflech Ausbildung an d'Waasserversuergung.

2010 si beim Erdbiewe verschidde Schoulen komplett zerstéiert ginn. Si ginn elo mat erdbiewesechere Konstruktiounen erëm opgeriicht. Den OTM baut 3 Schoulen. De Präis vun engem komplett ageriichte Schoulsall ass 20.000 Euro, 80 % gi vum Ministère iwerholl. 20% muss den OTM opbréngen, dat si 4.000 € pro Sall. Et gi 50 Schoulsäll gebraucht. Dat heescht: Dëse Projee muss den OTM mat 200.000 € finanzéieren.

D'Actioun am Parverband

Vum Advent 2012 bis an d'Joer 2013 eran huet d'Actioun am Parverband Widdebierg iwwer 54.000 € erabruecht.

An der Sonndesmass vum 29. September 2013 ass de symbolesche Scheck un d'Associatioun Objectif Tiers Monde iwwerreecht ginn.

Allen Donateuren e ganz häerzleche Merci!

D'Spenden am Detail
Affer Ent. Madelaine May-Steinmetz400 €
Affer Ent. Maria Schmit-Kohl771,55 €
Affer Ent. Alphonse Beckius245,93 €
Affer Ent. Denis May850,00 €
Affer Ent. Christine Beck200,00 €
Dons Marcel Gaasch715,00 €
Dons Léonie Konsbrück2.919,15 €
Dons Henri David7.825,00 €
Dons Robert Wilmes3.585,00 €
Dons Mme. Sunnen600,00 €
Concert Chorales Réunies Flaxweiler et Niederdonwen500,00 €
Daf Enkelkand Moes500,00 €
Institut Saint Joseph Betzder600,00 €
Don Chorale Ste. Cécile Rued-Syre300,00 €
Gemeng Betzder1.000,00 €
Gaart an Heem Ouljen1.500,00 €
Chrëschtconcert Ouljer Musek1.000,00 €
Don Fraen a Mammen Fluessweiler1.500,00 €
Don Pompjee Menster1.000,00 €
Baptême Mara150,00 €
Dons Privés6.655,00 €
Kiirchenafferen14.015,32 €
Cotisations263,00 €
Dons Kommiounskanner6.801,00 €
Vente Cierges446,40 €
Total (Stand: 12.09.2013)54.342,35 €