D'Kierchen aus dem Parverband: Betzder, Ouljen, Rued/Syr, Menster, Nidderdonven, Uewerdonven, Haaster, Fluessweiler
 PARVERBAND WIDDEBIERG
 

Hëllefsactioun 1997/1998

Omega 90: Begleedung vun onheelbar Kranken

Omega 90

De Bam, deen d'Actioun an der Kierch vu Rued symboliséiert huet.
D'asbl Omega 90 setzt sech an:

  • fir ee mënschewiirdegt Liewen bis zum Doud
  • fir Wahrhaftegkeet an der Kommunikatioun mam Kranken a sénger Famill
  • fir eng intensiv mënschlech Zouwendung an der leschter Liewensphas
  • fir schwéierkanke Leit d’Stierwen am Krees vun hirer Famill ze erméiglechen durch Ënnerstëtzung a Begleedung vun der Famill während der Krankheet an och nom Doud vum Patient
  • fir eng optimal Schmierzbehandlung an Erliichterung vu kierperlechem, séileschem a sozialem Leed.

De Projet

Omega 90 schafft konkret u folgende Programmer:

  • Mataarbecht an der Aus- a Weiderbildung vun de Gesondheetsberuffer
  • Rekrutéieren, Auswiel, Ausbildung, Orientéierung a psychologesch Begleedung vun éierenamtleche Mataarbechter
  • Berodung a Stierw- an Trauerbegleedung fir Betraffener an hir Famill
  • Ariichten vun enger Dokumentationsplaz (Ausléinen vu Bicher, Videofilmer)
  • Mathëllef beim Plangen an Ariichte vu Palliativstatiounen an Hospizer

D'Actioun am Parverband

An der Owesmass vum Samschdeg, de 6. Juni 1998 huet den Dokter Bernard Thill vun Omega '90 2 Schecken iwwer am ganzen 21.640,86 € entgéint geholl. Den Erléis vun der Actioun huet sech esou zesumme gesat:

Affer zu Fluessweller:1.765,35 €
Affer zu Rued:5.166,10 €
Affer Centre Hospitalier:169,21 €
Affer Begriefnes Timi Wiscourt:602,38 €
Affer Begriefnes Mme M.-Thérèse Biermann:401,59 €
Affer Begriefnes Mme Liny Schmit:166,09 €
Privatdonen Rued:3.563,79 €
Privatdonen Fluessweller:545,37 €
Privatdonen Betzder:245,41 €
Privatdonen Ouljen:185,92 €
Privatdonen Menster:421,42 €
Privatdonen vu soss:2.305,41 €
Donen bei der Kommioun:5.944,16 €
Zënsen:158,66 €
Total21.640,86 €