D'Kierchen aus dem Parverband: Betzder, Ouljen, Rued/Syr, Menster, Nidderdonven, Uewerdonven, Haaster, Fluessweiler
 PARVERBAND WIDDEBIERG
 

Hëllefsactioun 2003/2004

Lëtzebuerger Rout Kräiz: Häerzkrank Kanner aus der Ukraine

De Projet

D'Hëllefsactioun vun Advent 2003 bis d'Kommioun 2004, an Zesummenaarbecht mat der Lokalsektioun vum Roude Kräiz aus der Gemeng Betzder, huet e Projet fir häerzkrank Kanner an der Ukraine ënnerstëtzt. Zënter 1992 betreit d’Lëtzebuerger Rout Kräiz Kanner mat engem schwéieren Häerzfeeler. No enger Operatioun si si geheelt a kënnen en normalt Liewe féieren.

Bis Oktober 2004 sinn 218 Kanner operéiert ginn. Déi méi einfach Operatioune ginn zu Lviv (Ukraine) gemaach an déi méi schwéier Fäll am Centre Hospitalier Universitaire zu Stroossbuerg.

D’Virbehandlung an d’Nobehandlung vun dëse Kanner gëtt hei zu Lëtzebuerg gemaach. D’Onkäschte fir ee Kand zu Stroossbuerg operéieren ze loossen leien tëschent 7.000 an 8.000 € . Pro Joer ginn eng 10 Kanner zu Stroossbuerg operéiert an eng 25 zu Lviv.

Vum 3. bis den 19. Dezember 2003 ware 4 Kanner mat hire Mammen op Lëtzebuerg komm an am Mee 2004 waren et 3 aner Kanner, deenen hir Operatioun d'Actioun am Parverband matfinanzéiere konnt.

D'Actioun am Parverband

An der Mass vum Samschdeg, 16. Oktober 2004 ass e Scheck iwwer 55.158,90 € un den Här Bley vum Lëtzebuerger Roude Kräiz iwwerreecht ginn.
Wéi schonn di Jore virdrunn hunn d'Kommiounskanner zu deem formidable Resultat bäigedroen andeems si en Deel vun hire Kadoen duerch en Don ersat hunn.
Am Numm vun de Kanner aus der Ukraine seet de groupe humanitaire vum Parverband Widdebierg allen Donateuren e ganz décke Merci.

D'Donen setzen sech esou zesummen:

Collectes Rued-Syr5.872,55 €
Collectes Menster3.670,08 €
Collectes Olingen2.391,00 €
Collectes Fluessweiler3.254,81 €
Collectes Institut St. Joseph1.020,00 €
Collectes Betzder1.428,00 €
Collecte Mémoire Mme. Fohl-Magonette Olingen291,50 €
Don Mémoire Mr. Albert Demoulling3.854,00 €
Chorale Ste. Cécile Rued-Syr250,00 €
Don Baptême Philippe Baulesch100,00 €
Don Fanfare d’Olingen, collecte inauguration drapeau500,00 €
Chorale Ste Cécile Betzder900,00 €
Don Baptême380,00 €
Faaschteniessen 2004371,00 €
Don Croix Rouge Section de Betzdorf2.500,00 €
Don Action Catholique Féminine de Flaxweiler2.000,00 €
Don Fraen a Mammen Betzder600,00 €
Don Fraen a Mammen Rued-Syr750,00 €
Don Garage Rudy Reuter Luxembourg1.500,00 €
Dons directs Croix Rouge3.790,00 €
Don Administration Communale de Flaxweiler125,00 €
Don Communion 20048.634,00 €
Dons divers individuels3.883,96 €
Don Quête du Concert par la Commission Culturelle470,00 €
Don Quête du Concert de Noël, Fanfare de Mensdorf860,00 €
Don Administration Communale de Betzdorf2.500,00 €
Don Anniversaire Mme Neumann2.225,00 €
Don Sapeurs Pompiers de Mensdorf50,00 €
Don Mariage Boulanger-Muller Menster258,50 €
Collecte Mémoire Mme Kimmel-Kuhn729,50 €
Total55.158,90 €