D'Kierchen aus dem Parverband: Betzder, Ouljen, Rued/Syr, Menster, Nidderdonven, Uewerdonven, Haaster, Fluessweiler
 PARVERBAND WIDDEBIERG
 

De Groupe Humanitaire

Wéi et ugefaangen huet

Den 12. Februar 1985 war eng éischt "Parversammlung" op Initiativ vum Paschtouer Jean Leyder. All Leit aus der Par waren agelueden fir "um Terrain" matzeplangen a matzeschaffen. D'Liewe vun an an der Par sollt net méi nëmme vum Paschtouer eleng bestëmmt ginn, mee vun allen engagéierte Chrëschten.

Niewent Formatiounsowender, Fester, Parausflich, Matgestalte vun de Massen, wollte mir iis och méi fir déi Leit interesséieren, deenen et net esou gudd geet wéi iis selwer. Sech duerfir ineresséieren huet geheescht Projeeë sichen, hir Problemer kenneléieren, jiddereen informéieren, Ausstellungen organiséieren a Leit alueden déi sech konkret op de verschiddene Plazen asetzen.

An dann natierlech déi Leit no Méiglechkeeten och finanziell ënnerstëtzen. Den Interessi an d'Mataarbecht ass lues a lues méi grouss ginn an de finanziellen Asaz ass dementspriechend gewuess. Ervierzehiewe bleiwt awer secher d'Beispill vun de Kommiounskanner, déi zënter der Kommioun 1988 op en Deel vun hiere Cadoe verzichten an domat vu Klengem u léieren, datt ee net méi aarm gëtt vun deem wat ee matgëtt!

De Groupe Humanitaire

1989 ass aus däer Initiativ eraus de Groupe Humanitaire Rued/Syr a Fluesweller entstanen, dee sech zënter 1999 Groupe Humanitaire Parverband Widdebierg nennt.

De Grupp huet momentan ongeféier 15 Mataarbechter.
De Grupp hëlt sech all Joer en Hëllefsprojet vir, wéi z.B.:

  • Kroatien
  • Médecins sans frontieres
  • Kannerheern Rhegin a Rumänien
  • Aide à l'Enfance de l'Inde
  • Kriibskrank Kanner a Wäissrussland/Minsk
  • Omega 90
  • Sudan
  • Kosowo
  • Moldavien (Hincesti)

D’Leit gi motivéiert ze hëllefen duerch:

  • Informatiounsmaterial
  • Konferenzen
  • Film- an Diavirstellungen.

D'Sue kommen eran duerch:

  • Affer an der Advents- a Faaschtenzäit
  • Ausstellung mat Verkaafsbasar an de Kierchen
  • Gebuerts- Kanddaf- an Hochzäitsfeieren
  • Begriefnesser
  • Éischtkommunioun
  • Donen vu Privatleit a Schoulklassen
  • Donen vu Veräiner aus der Gemeng Betzder
  • Donen aus aner Uertschaften
  • Den Erléis vu Gesang- a Museksveranstaltungen
  • Klibbersuen, Wäiwaasserverdeelen a Kreppennegercher
  • Aperitif an lessen
  • An nach vill aneres méi

Këschte voll Kleeder an aner Noutwendegem sinn ewell iwwer d’Grenz gaangen ewéi z.B. gesteppte Läildecher fir d'Kannerbetter a Rumänien vun iiser kathoulescher Fraenaktioun ACFL.
De Grupp geet, wann d'Geleeënheet sech bitt, op d'Plaz kucken, fir sech z'iwwerzeegen, wat dann och tatsächlech mat der Ënnerstëtzung geschitt ass.
Eist Ziel ass fir solidaresch mat de Veräiner an de Leit, de Misär an der Welt e bessen z'erliichteren.