PARVERBAND WIDDEBIERG | |||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
Hëllefsactioun 2011/2012Christian Solidarity International: Hëllef fir den Opbau vum Süd-SudanDe Projet
D’Grënnung vun engem neie Staat ass näischt Alldeegleches: No 50 Joer Ënnerdréckung duerch Khartum huet de Süd-Sudan den 9 Juli 2011 seng Onofhängegkeet proklaméiert. En ass domatt de 54. Staat um afrikanesche Kontinent ginn an den 193 Staat, dee vun de Vereenten Natiounen unerkannt gouf. Och wann de Süd-Sudan grouss Petrolsreserven huet, ass en awer eng vun deenen äermste Regiounen op der Welt. D’Onofhängegkeet ass d’Chance fir en neien Ufank. Zënter 2005 hëlleft Christian Solidarity International Lëtzebuerg der Diözes vun El Obeid fir nei Schoulen opzeriichten. 80 % vun de Leit kënnen net liesen a schreiwen a wéinst de jorzéngtelaange Konflikter a Kricher haten di Wéinegst d’Méiglechkeet, an d’Schoul ze goen. Och haut nach ass eréischt all zweet Kand scolariséiert. 2010 an 2011 huet CSI 5 Schoulen an den Nuba-Bierger gebaut, déi 2.545 Schüler kënnen ophuelen. 2012 huet CSI d’Schoulen matt dem néidege Material a matt Schoulbänken équipéiert fir datt d’Schüler an de Stonnen net méi um Buedem musse sëtzen. D’Spende vu Lëtzebuerg hu CSI et och méiglech gemaach, en Ausbildungszenter fir Léierpersonal opzebauen. An de Joren duerno plangt CSI en neie Kader-Accord matt der lëtzebuergescher Regierung fir weider Schoulen ze bauen. D'Actioun am ParverbandVum Advent 2011 bis d'Kommioun 2012 huet de Parverband Widdebierg säin Engagement fir CSI widderholl, dat 2010/11 ugefaang hat. An der Samschdesowesmas vum 17. November 2012 aas de symolesche Scheck un d'Vertrieder vun CSI iwwerreecht ginn. Den definitive Bilan läit bei 45.307,43 €. Allen Donateuren e ganz häerzleche Merci!
|