PARVERBAND WIDDEBIERG | |||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
Hëllefsactioun 2006/2007Jana Jagaran: Eng Hoffnungsperspektiv fir d'Leit am indesche BelgaumDe ProjetIndien, e Land mat grousse Kontrasten. Iwwerdeems Land sich rasant zu enger wichteger Industrienation entwéckelt, liewen ëmmer nach eng 25 % vun de Leit an Armut. An a ronderëm di südwestindisch Stad Belgaum setzt sich d'Organisatioun Jana Jagaran ënner der Leedung vum Pater Joe Chenakala zënter iwwer 25 Joer fir di Ënnerdréckt an a stäipt si an hirem Kampf fir e mënschewierdegt Liewen. Et si besonnesch d'Fraen ëm déi Jana Jagaran sech këmmert, well si besonnesch benodeelegt sinn. An d'Ausbildung an d'Gesondheet vun de Meedecher gëtt manner investéiert an d'Frae sinn duebel belaascht mat der Aarbecht am Haus an dobaussen. Zu den Aktivitéite vu Jana Jagaran zielt dohir d'Ausbildung vu Fraen an de Beräicher Ernährung a Gesonheet. Doriwwer eraus gi Schéifer ënnerstëtzt, well d'Iwwerliewe vu ville Famillje vun der Schofszuucht ofhängt. Jana Jagaran versicht och di traditionell Handwierkstechniken ze erhalen, besonnesch d'Bitze vu Poschen aus Schofswoll, fir op déi Manéier ville Fraen an hire Familljen e gesechert Akommes ze garantéieren. D'Actioun am Parverband
De Projet ass an Zesummenaarbecht mat der Action Solidarité Tiers Monde Lëtzebuerg (ASTM) gelaf a bis de Juni 2007 si 55.673 € (*) fir d'Actioun gespend ginn. Am Numm vun de Leit aus Indien soe mir all Donateuren nach eng Kéier e ganz häerzleche MERCI. (*) Nom definitiven Ofschloss ass den Total esouguer op 60.083,94 € geklomm. D'Donen setzen sech esou zesummen:
Photoen aus der Kannermass vum 8. Juni 2007 |