|
|
Hëllefsactioun 2002/2003
ONG "Eng oppen Hand fir Malawi": Hongerhëllef am Malawi
D'ONG "Eng oppen Hand fir Malawi"
Zënter 1959 sinn d'Zithaschwësteren am Malawi täteg a vun 1989 un ënnerstëtzt d'ONG virun allem zu Namitete, 60 km vun der Haaptstat Lilongwe ewech, d'St. Gabriel's Hospital a sénge Gesondheetsprojeeën.
D'ONG schafft hei zu Lëtzebuerg nëmme mat fräiwëllege Mataarbechter zesummen an d'Suën aus den Donen kënne praktesch integral fir d'Hëllef um Terrain genotzt ginn.
Am Joer 2002 schaffen op der Plaz eng lëtzebuergesch Schwëster, d'Sr Justina Morn, an e puer malawianesch Schwësteren, déi lues a lues an d'Aarbecht agebonne ginn, an eng 100 afrikanesch Leit fir d'ONG - Dokteren, Infirmièren, medezinesch Assistenten an Aarbechter. Sou ass d'Spidol an engem Ëmkrees vun 30 km och ee vun deene gréissten a wichtegsten Employeuren.
D'Spidol ass fir ongeféier 200.000 - 250.000 Leit do, déi am Spidol selwer an och op den Dierfer betreit ginn.
De Projet
Kuerzfristeg gesinn huet d'ONG déi selwecht Zomm missen zur Verfügung stelle wéi 2001, fir der akuter Hongersnout entgéint ze wierken, d.h. tëschent 60.000 a 70.000 Euro.
Mëttel - a laangfristeg ass geplangt, e Projet op d'Been ze bréngen, deen et erlaabt, iwwer 3 bis 5 Joer de Leit an den Dierfer ze hëllefen, aner Nahrungsressourcen z'entwéckelen an hinnen ze weisen, Geméis unzeplanzen, Kanéngercher ze halen oder esouguer Fëschweiheren unzeleeën an och fir proppert Waasser an den Dierfer ze suergen.
Derniewt soll hinnen als Startméiglechkeet Dünger a Geséims gestallt ginn.
D'Actioun am Parverband
Ziel vun der Aktioun am Parverband war et, der ONG "Eng oppen Hand fir Malawi" di néideg Mëttelen zoukommen ze loossen, fir der akuter Nout entgéint ze wierken, dat heescht fir kënne Liewensmëttel a Medikamenter ze kafen an der betraffener Populatioun ze verdeelen.
Parallel zu der Spendenaktioun si Kleeder gesammelt ginn, déi d'ONG am Summer 2003 mat engem groussen Envoi an de Malawi geschéckt huet.
 |
Um Enn vun der Aktioun ass des Wo, déi d'Actioun an der Rieder Kierch begleet huet, engem symbolesche Gläichgewiicht méi no komm, dat e klengen Hoffnungsschimmer fir de Malawi bedeit. E grousse Merci allen Donateuren. |
Den 31. Mee 2003 an der Mass vu samschdes Owes huet de Groupe Humanitaire e Scheck vu 55.313,44 € un d'ONG "Eng oppen Hand fir Malawi" iwwerreecht.
D'Kommiounskanner, déi eleng d'Zomm vun 11.270,56 € bäigesteiert hunn, andeems se op e groussen Deel vun hire Cadeauen verzicht haten, konnten dëse Scheck un d'Vertriederinne vun der ONG, d'Schwëster Ursula Becker an d'Schwëster Véronique Weis weiderginn.
An engem flotten Diasmontage hunn d'Schwësteren de Merci vun de Kanner aus dem Malawi un d'Leit aus dem Parverband a vun auswäerts eriwwerbruecht. D'Biller hunn eis gewisen, datt duerch d'Schaffe vun der ONG am St. Gabriel's Hospital zu Namitete deene Leit, déi um Hëllefsprogramm deelgeholl haten, di gréissten Hongersnout erspuert bliwwen ass.
D'Schwësteren hunn allen Donateuren e waarme Merci gesot fir hir Solidaritéit.
Och wann dëst net wéi di Jore virdrunn e Projet war, deen eng längerfristeg Entwécklung mat sech bréngt, mee dee géint déi akut Hongersnout gewiert huet, war de Groupe Humanitaire ganz erfreet iwwert dat formidabelt Resultat vun 55.313,44 €.
Allen Donateuren, Veräiner an och der Gemeng Betzder e grousse Merci!
Collectes Roodt/Syre | 7818,22 € | 315386 LUF |
Collectes Mensdorf | 2989,33 € | 120589 LUF |
Collectes Olingen | 1775,00 € | 71603 LUF |
Collectes Flaxweiler | 2542,88 € | 102580 LUF |
Collectes Betzdorf | 1986,09 € | 80119 LUF |
Collectes Centre Hospitalier | 738,39 € | 29787 LUF |
Don Mémoire M. Victor Thill | 3310,00 € | 133525 LUF |
Don Mémoire Mme. Bebby Walentiny | 2022,00 € | 81567 LUF |
Don Mémoire Mme. Cécile Faack | 965,50 € | 38948 LUF |
Don Mémoire (Collecte) Mme. Céline Bremer | 381,86 € | 15404 LUF |
Don Mémoire (Collecte) M. Zenon Hoffmann | 476,00 € | 19202 LUF |
Don Mémoire Mme. Diderich Betzdorf | 150,00 € | 6051 LUF |
Don Mémoire (Collecte) Sours Inst. St. Joseph Betzdorf | 187,37 € | 7558 LUF |
Don Associations: Sapeurs Pompiers Mensdorf | 200,00 € | 8068 LUF |
Don Associations: Fraen a Mammen Rued-Syr | 500,00 € | 20170 LUF |
Don Associations: Fraen a Mammen Betzdorf | 600,00 € | 24204 LUF |
Don Associations: Coin de terre et le Foyer Olingen | 1250,00 € | 50425 LUF |
Don Associations: Chorale Ste. Cécile Rued-Syr | 250,00 € | 10085 LUF |
Don Naissance Anna Zeimes | 2232,00 € | 90039 LUF |
Don Adm. Comm. Betzdorf | 2500,00 € | 100850 LUF |
Don Communion 2003 | 11270,56 € | 454653 LUF |
Don div. pers. ind. | 3343,24 € | 134866 LUF |
Don direct Compte "Eng Oppen Hand fir Malawi" | 7825,00 € | 315660 LUF |
Total | 55313,44 € | 2231339 LUF |
|
|