PARVERBAND WIDDEBIERG | |||
Hëllefsactioun 2016/2017partage.lu: nohalteg Landwirtschaft am KongoDe Projet
An Zesummenaarbecht matt partage.lu - dat ass den neien Numm vu Bridderlech Deelen - këmmert sech d'Kooperativ Bidjeb Bidjeb drëm, jonke Leit eng Formatioun a modernen Technike vun der Landwirtschaft ze ginn, déi et erlaaben, de Rendement ze verbesseren an op laang Siicht de Buedem an engem gudden Zoustand ze erhalen. D'Actioun am Parverband
Vum Advent 2016 bis d'Kommioun 2017 hut den Dekanat Maacher bei dësem Projet matgemaach. An der Owesmass vum 24. Juni 2017 ass de symbolesche Scheck iwwer 54.370 € u partage.lu iwwerreecht ginn. Allen Donateuren duerfir e ganz häerzleche Merci! Photoen: © partage.lu | |||