PARVERBAND WIDDEBIERG | ||||||||||||||||||||||||||||||
Hëllefsactioun 2001/2002Fondatioun Lëtzebuerg-El Salvador: Kannerheem «Amor y Esperanza»D'Fondatioun Lëtzebuerg-El SalvadorDen Abbé Gloden vu Mertert lieft zënter 1969 am El Salvador, wou hien nieft sénger Aarbecht fir d'Kannerheem «Amor y Esperanza», directeur spirituel am Séminaire vu San Salvador ass an e Formatiouns- a Retraitenhaus zu La Majada leet. D'Associatioun Lëtzebuerg - El Salvador, déi den Abbé Gloden a sénger Arbecht ënnerstëtzt, huet sech den 22. Abrëll 2003 als Fondatioun Lëtzebuerg - El Salvador constituéiert an ass als ONG vum Stat unerkannt ginn. De ProjetOp Initiativ vum Abbé Gloden gouf zu Santa Ana en Heem fir d'Stroossekanner gebaut. Et fonctionnéiert zënter 1998. Am Moment wunnen eng 30 Bouwen am Heem, vill vun hinne sinn drogenofhängeg gewiescht. Elo gi si an d'Schoul fir spéider en Handwierk ze léieren. Lëtzebuerg - el Salvador huet geplangt, beim Kannerheem zu Santa Ana e Stéck Land vu 4 bis 8 Hektar ze kafen. Dësen Terrain soll landwirtschaftlech genotzt gin.
D'Actioun am ParverbandSamschdes den 29. Juni 2002 huet den Abbé Gloden mat eis an der Rieder Kierch d'Virowesmass gefeiert an de Scheck vun der Spendenactioun am Parverband Widdebierg entgéint geholl, déi den Advent 2001 ugelaf ass a mat der Kommioun 2002 ofgeschloss gin ass. D'Zomm vun 61.100 Euro setzt sech aus dëse Chifferen zesummen:
|