PARVERBAND WIDDEBIERG
 

De Parverband

De Parverband Widdebierg ass 1999 aus dem Zesummeschaffen vun de Paren Rued, Menster, Betzder, Ouljen a Fluessweller entstan. 2005 sinn d'Paren Uewerdonven an Nidderdonven derbäi komm.
Den Numm soll eng gewëssen Neutralitéit ausdrécken an erënnert un di éischt reliéis Kultplaz vun der Géigend.
Um Widdebierg goufen zur Zäit vun de Gallo-Réimer de Gott Veraudunus an d'Göttin Inciona veréiert.
Méi wéi den Numm an d'Geschicht verbënnt eis de Glawen, dee mir haut wëlle liewen.
Verschidden Zeechen weisen, datt mir op engem gemeinsame Wee sinn: gemeinsam Feieren (Ouschteren, Chrëschtdag, 1. Kommioun, Firmung, Parausflug, ...), de Parrot, Parblad, sozial an humanitär Aktivitéiten, partiellt Zesummeschaffe vun de Choralen, gemeinsamt Pastoralteam.

Aktualiséiert den 01.04.2017