PARVERBAND WIDDEBIERG
 

Hëllefsactioun 1998/1999

Caritas Lëtzebuerg: Hëllef fir de Süd-Sudan

De Projet

D'Zil vum Projet war et, fir elementar Hëllef ze leeschten an engem Land, dat deemols schon zënter 16 Joer ënnert engem Biergerkrich ze leiden hat. Esou huet Caritas Lëtzebuerg all Dag Liewensmëttel fir 50.000 Leit an Drénkwaasser fir 20.000 Leit geliwwert. An hire 4 Infirmerien huet si di allgemeng medezinesch Betreiung sechergestallt an huet doriwwer eraus Impfcampagnen géint Infektiounskrankheeten op d'Bee gestallt.

D'Actioun am Parverband

"Mir däerfen d'Leit am Südsudan net erhëngere loossen"; huet et op engem Panno an der Rieder Kierch geheescht. Den Opruff, sech der Aktioun vu Caritas unzeschléissen hat dann och e groussen Echo fonnt: Duerch Spenden an duerch de Varkaf vu Wueren aus der Boutique Tiers Monde sinn 29.737,70 € fir de Sudan zesummekomm; dovunner hunn d'Kommiounskanner 9.877,74 bäigesteiert, andeem si op en Deel vun hire Kaoden verzicht hunn.