PARVERBAND WIDDEBIERG
 

Hëllefsactioun 1996/1997

Aide aux enfants atteints d'un cancer: Hëllef fir Kanner mat Schilddrüsekriibs zu Gomel (Wäissrussland)

De Projet

De 26. Abrëll 1986 as muerges fréi di gréisste Katastrof an der Geschicht vun der Atomindustri geschitt, wéi zu Tschernobyl, nët wäit vun der wäissrussescher Grenz ewech, de Block 4 vum Atomreakter explodéiert as.
10 Joer duerno gët et eng dramatesch, iwwer 100 mol méi héich Zuel vun de Fäll vu Schilddrüsekriibs bei Kanner a Wäissrussland. Waren et bis 1986 nëmme 5 nei Fäll pro Joer, sou as déi Zuel op iwwer 90 am Joer 1995 geklomm.
Zënter 1986 hat den Otto Hug Strahleninstitut vu München e Schilddrüsenzentrum zu Gomel, 150 km nördlech vun Tschernobyl, ageriicht. Den Institut huet qualifizéiert Personal op d'Plaz geschéckt, fir d'Kanner zu behandelen. Finanziell huet den Institut och vun der Fondatioun Aide aux enfants atteints d'un cancer vu Lëtzebuerg gehollef kritt.

D'Actioun am Parverband

D'Situatioun vun de kriibskranke Kanner as hei am Land bewosst gin duerch den Austausch vu betraffene Kanner, déi bei Famillgen zu Lëtzebuerg hir Vakanz verbruecht hun, eng Parti dovun an der Gemeng Betzder.

An der Mass vum 22 November 1997 konnt den Dokter Emile Tockert e Scheck iwwer 1.110.000 Frang (27.516,18 €) entgéint huelen.