PARVERBAND WIDDEBIERG
 

Hëllefsactioun 1995/1996

Aide à l’Enfance de l’Inde: Projet «Balwadi» am Gujarat

De Projet

«Balwadi» heescht esou vill wéi «oppe Schoul» an ass een Deel vun engem groussen Entwécklungsprogramm, deen d’Leit aus der Regioun vu Bhiloda fir hir Rechter a Pflichten, d’Gesondheet an d’Ausbildung vun hire Kanner sensibiliséiere soll.

Konkret geet et am Projet Balwadi nët drëm, fir Schoulen ze bauen - Balwadi ass bewosst eng Schoul, déi ouni grouss Infrastrukturen auskënnt. Mam Projet gi virun allem de Loun vum Léierpersonal, d’Schoulmaterial, d’Iessen an d’medizinesch Betreiung vun de Kanner bezuelt.

D’Regioun Bhiloda as een Deel vum Gujarat an deem haaptsächlech Adivasi, d’Urawunner vun Indien, liewen. An dëser Regioun, an däer et ze soe keng Industrie gëtt an d’Leit sech gréisstendeels als kleng Baueren duerchschloen, ass d’Ausbildung déi wichtegst Perspektiv fir de Kanner hir Zukunft.

D'Actioun am Parverband

Duerch Donen vu Privatleit an de Veräiner an duerch d'Donen fir d'Kommiounskanner aus de Paren Rued a Fluessweiler konnten 829.248 Frang oder 20.557 € un Aide à l’Enfance de l’Inde iwwerreecht ginn.