PARVERBAND WIDDEBIERG
 

Hëllefsactioun 1993

Médecins sans Frontières Lëtzebuerg: Impfcampagne op Haiti

De Projet

Fir d'Faaschtenzäit 1993 hunn d'Paren aus dem spéidere Parverband Widdebierg e Programm fir elementar medizinesch Versuergung, Impfungen a Formatioun vu medizineschem Personal op Haiti ënnerstëtzt. MSF huet dee Programm am Mee 1992 op d'Bee gesat, no de schroen Onrouen op Haiti, ënnert deenen d'Zivilpopulatioun besonnesch ze leiden hat.

D'Actioun am Parverband

465.000 Frang oder 11.527 € sinn am Parverband gesammelt ginn; eleng d'Kommiounskanner hu 25% vun däer Zomm bäigesteiert, andeems se op en Deel vun hire Cadoen verzicht hunn.