PARVERBAND WIDDEBIERG
 

Hëllefsactioun 1993-1995

Les Convois Humanitaires pour la Roumanie: Weesenhaus "Maria" zu Reghin

De Projet

Am Advent 1993 hunn d'Paren aus dem spéidere Parverband Widdebierg en éschten Appel gemaach, fir de "Convois humanitaires pour la Roumanie" vu Réiden hire Projet "Kannerheem Maria" mat ze finanzéieren. D'Convois humanitaires hu schonn an de Joren virdrunn regelméisseg Kleeder, Medikamenter a Spillsaache gesammelt an a Rumänien gefuer, fir se u Weesekanner ze verdeelen, déi an der Klinik vu Reghin ėnner miserable Konditiounen ënnerbruecht waren. Aus der Erfahrung, déi si op deene sëlleche Fahrten a Rumänien gemaach hunn, ass d'Iddi entstan, en Haus speziell fir d'Kanner ze bauen.

D'Actioun am Parverband

D'Pare Rued a Fluessweiler hu sech der Iddi ugeschloss an hir Hëllefsactiounen bis 1995 ganz an d'Zeeche vum «Haus Maria» gestallt.

Donen vu Privatleit, vu Veräiner a fir d'Kommiounskanner hunn 2.584.587 Frang oder 64.070 € fir de Bau vum Kannerheem bäigesteiert.
Zu deem Resultat huet och den Erléis vu Concert'en mat rumäneschen Ensembelen bäigedroen.

Doriwwer eraus sinn Honnerte Këschte mat Kleeder a Spillsaachen zesummegestallt ginn an op Reghin gefuer ginn.

Den 23. August 1995 ass d'Weesenhaus zu Reghin ageweiht ginn. Et ass Maria genannt ginn no engem vun de Kanner, déi do en neit Doheem fonnt hunn.

D'Haus virun der Aweiung

Scheckiwwerreechung 1994

Scheckiwwerreechung 1995

E Camion gëtt mat Kleeder a Spillsaache gelueden

Concert mat den "Cantores Amicitiae",
de 27. Dezember 1994