PARVERBAND WIDDEBIERG
 

Hëllefsactioun Advent 1992

Entraide d'Eglise, Luxembourg: Weess fir Banja Luka

De Projet

Wéi schonn an der Faaschtenzäit 1992, war och d'Actioun am Advent 1992 fir Regiounen aus dem fréiere Jugoslawien. D'Entraide d'Eglise vu Lëtzebuerg huet mat der Caritas aus der Diözes Banja Luka zesummegeschafft, fir de Leit di néidegst Liewensmëttel ze verdeelen an den akute Mangel u Weess ze behiewen. «Weess fir Banja Luka» sollt et méiglech maachen, d'Felder anzeséien an am Summer 1992 nees eng normal Récolte ze hunn, nodeems am Krich di meescht Reserven zerstéiert gi waren.

D'Actioun am Parverband

D'Spenden am Parverband hunn 384.980 Frang - dat sinn 9.544 € - ausgemaacht. Dat wier duergaang fir 128 Hektar Wees ze séien.