PARVERBAND WIDDEBIERG
 

Hëllefsactioun 2015/2016

Chrëschte mam Sahel: Schoulesch Ausbildung am Burkina Faso

De Projet

D'Vereenten Natiounen hunn op der ganzer Welt zënter 1990 grouss Fortschrëtter an der Schoulbildung festgestallt, dat och am Burkina Faso.

Allerdéngs ass d'Zuel vun de Schüler, déi d'Schoul ofbriechen ëmmer nach ganz héich, an dat besonnesch bei de Meedercher.

D'Bestriewen, fir alle Jonken eng gudd Ausbildung ze garantéiere muss dohir weidergoen, ganz am Sënn vun der Agenda 2030 fir nohalteg Entwécklung.

An Zesummenaarbecht matt Partnerorganisatiounen, déi op der Plaz schaffen, a matt der lokaler Poulatioun baut Chrëschte mam Sahel Schoulen an di néideg Infrastrukturen wéi zB d'Waasserversuergung. Si suergen och derfir, datt d'Schüler dat nédegt Schoulmaterial kréien.

D'Actioun am Parverband

Vum Advent 2015 bis d'Kommioun 2016 huet de Parverband Widdebierg Fonge gesammelt, dé integral dem Projet vu Chrëschte mam Sahel am Burkina Faso zegudd kommen.

An der Sonndesmass vum 29. Mee ass de symbolesche Scheck matt der formidabler Zomm vu 75.000 € u Chrëschte mam Sahel iwwerreecht ginn. Allen Donateuren duerfir e ganz grousse Merci.
Artikel op mywort.lu

D'Spenden am Detail
Stierffall Mme Steffes-Mertens5.047,00 €
Stierffall Mme Joséphine Zeimet-Muller3.383,06 €
Stierffall Mme Felten-Robert3.037,00 €
Stierffall M. Jean Hummer2.940,00 €
Stierffall M. Roby Schiltz745,18 €
Stierffall Mme Theresia Fink250,00 €
Stierffall M. François Moes2.223,00 €
Stierffall M. Fernand Bauer1.220,00 €
Stierffall M. Charles Hermann524,00 €
Stierffall M. Claude Kremer800,10 €
Dons individuels29.235,00 €
Dons Communions Widdebierg6.498,18 €
Affer Firmung425,00 €
Kierchenafferen7.884,42 €
Institut St-Joseph + Par Betzdorf1.325,00 €
80. Gebuertsdag Mme Glesener-Kons700,00 €
Organistes1.880,00 €
Chorale Ste-Cécile Gostingen100,00 €
Chorale Ste-Cécile Mensdorf290,00 €
Chrëschtconcert Chorale Ste-Cécile Mensdorf + Musek935,00 €
Chrëschtconcert Ouljer Musek1.500,00 €
Äschemëttwoch + Repas755,00 €
Liichtesuen Kanner Nidderdonwen113,00 €
Klibbersuen Kanner vu Menster243,53 €
Wäiwaasseraktioun Ouschteren Wormer Massendénger711,70 €
Sapeurs Pompiers Mensdorf2.000,00 €
Amicale Pompjeeën Uewerdonwen100,00 €
Amiperas Flaxweiler100,00 €
Dëschtennis Gemeng Fluessweiler100,00 €
Fit + Fun Roodt/Syr a.s.b.l.150,00 €
Gesamt Total75.215,17 €

Photoen: © Chrëschte mam Sahel