PARVERBAND WIDDEBIERG
 

Hëllefsactioun 2014/2015

Lëtzebuerger Rout Kräiz: Zelter fir Réfugieeën an der Regioun vun Diffa am Niger

De Projet

Nach ni waren esou vill Mënsche vun Nout, Terror, Honger oder Krich betraff wéi haut. Idwwerdeems d'Nout vun de Flüchtlingen aus Syrien an dem Irak jidderengem bekannt ass, stinn d'Flüchtlingsdramen, déi sech anerwäerts ofspillen, vill manner am Fokus.

Sou wéi d'Situatioun vun 100.000 Mënschen aus Nigeria, déi virun den Terrormilizen vu Boko Haram an d'südlecht Grenzgebitt vum Niger fortgelaf sinn, an d'Regioun vun Diffa.

Dobäi ass d'Liewen an dëser Regioun, déi extrem aarm ass an ëmmer nees ënner Iwwerschwemmungen a laangen Drécheperioden ze leiden huet, esou schonn extrem schwiereg.

An Zesummenaarbecht matt aneren Organisatiounen op der Plaz hëlleft d'Lëtzebuerger Rout Kräiz, Zelter fir d'Réfugieeën opzeriichten.

D'Actioun am Parverband

Vum Advent 2014 bis d'Kommioun 2015 huet de Parverband Widdebierg beim Projet mattgemaach

An an der Mass vum 12 Juli 2015 konnt de symbolesche Scheck iwwer 31.859 € u Vertrieder vum Roude Kräiz iwwerreecht ginn. Dofir allen Donateuren e ganz grousse Merci!

D'Spenden am Detail
Donën Éischtkommioun3.095,36
Summerfest Famill Thill-Lahr2.100,00
Gebuertsdagsfeier (AH)2.000,00
Institut Betzdorf1.124,00
Commune de Betzdorf500,00
Sapeurs Pompiers Mensdorf2.000,00
Chorale Réunies de Flaxweiler et Donven500,00
Cäciliendag Chorale Mensdorf275,00
Chrëschtconcert v.d. Ouljer Musek1.400,00
Chorale Ste. Cécile Roodt-Syre500,00
Chorale Ste. Cécile Mensdorf Chrëschtconcert850,30
Dons Privés2.100,00
Kierchenafferen14.427,13
Aner Donen987,21
Total:31.859,00

Photoen 1 an 2 © Lëtzebuerger Rout Kräiz