PARVERBAND WIDDEBIERG
 

Hëllefsactioun 2011/2012

Christian Solidarity International: Hëllef fir den Opbau vum Süd-Sudan

De Projet

D’Grënnung vun engem neie Staat ass näischt Alldeegleches: No 50 Joer Ënnerdréckung duerch Khartum huet de Süd-Sudan den 9 Juli 2011 seng Onofhängegkeet proklaméiert. En ass domatt de 54. Staat um afrikanesche Kontinent ginn an den 193 Staat, dee vun de Vereenten Natiounen unerkannt gouf.
No jorelaangen Ausernanersetzunge tëscht de Rebellen aus de südleche Regiounen an de Regierungstruppen sinn de majoritär kathoulesche Süden an de moslemeschen Norde vum Sudan elo 2 getrennte Staaten.

Och wann de Süd-Sudan grouss Petrolsreserven huet, ass en awer eng vun deenen äermste Regiounen op der Welt. D’Onofhängegkeet ass d’Chance fir en neien Ufank.

Zënter 2005 hëlleft Christian Solidarity International Lëtzebuerg der Diözes vun El Obeid fir nei Schoulen opzeriichten. 80 % vun de Leit kënnen net liesen a schreiwen a wéinst de jorzéngtelaange Konflikter a Kricher haten di Wéinegst d’Méiglechkeet, an d’Schoul ze goen. Och haut nach ass eréischt all zweet Kand scolariséiert.

2010 an 2011 huet CSI 5 Schoulen an den Nuba-Bierger gebaut, déi 2.545 Schüler kënnen ophuelen. 2012 huet CSI d’Schoulen matt dem néidege Material a matt Schoulbänken équipéiert fir datt d’Schüler an de Stonnen net méi um Buedem musse sëtzen. D’Spende vu Lëtzebuerg hu CSI et och méiglech gemaach, en Ausbildungszenter fir Léierpersonal opzebauen. An de Joren duerno plangt CSI en neie Kader-Accord matt der lëtzebuergescher Regierung fir weider Schoulen ze bauen.

D'Actioun am Parverband

Vum Advent 2011 bis d'Kommioun 2012 huet de Parverband Widdebierg säin Engagement fir CSI widderholl, dat 2010/11 ugefaang hat. An der Samschdesowesmas vum 17. November 2012 aas de symolesche Scheck un d'Vertrieder vun CSI iwwerreecht ginn. Den definitive Bilan läit bei 45.307,43 €. Allen Donateuren e ganz häerzleche Merci!
D'Spenden am Detail
Collectes églises13.338,60 €
Dons privés5.985,00 €
Sapeurs-Pompiers de Mensdorf2.000,00 €
Chorale Ste. Cécile Roodt-Syre500,00 €
Chorale Ste. Cécile Flaxweiler400,00 €
Chorale Ste. Cécile Olingen500,00 €
Fraen a Mammen Betzdorf500,00 €
Fraen a Mammen Roodt-Syre1.000,00 €
Concert Maacher Museksschoul730,00 €
Concert Fanfare Mosella Niederdonven580,00 €
Don Sylvestergrupp250,00 €
Dons décès Mr. Silveirio1.260,00 €
Dons décès Mr. Schmit5.823,00 €
Collecte décès Mme. Kirch-Wilhelm279,43 €
Dons décès Mr. Spielmann3.275,00 €
Don baptême Charlotte Hildgen50,00 €
Dons noces Bienert-Moes1.320,00 €
Dons noces Hilbert-Oth50,00 €
Dons noces Schmit, John et Tamara205,00 €
Dons noces Bast-Weber374,10 €
Theaterfrënn Uewerdonwen963,00 €
Subside commune de Betzdorf500,00 €
Drénkgeld Chauffeur Parausflug157,30 €
Dons enfants de la première communion5.267,00 €
Total:44.807,43 €