PARVERBAND WIDDEBIERG
 

Hëllefsactioun 2006/2007

Jana Jagaran: Eng Hoffnungsperspektiv fir d'Leit am indesche Belgaum

De Projet

Indien, e Land mat grousse Kontrasten. Iwwerdeems Land sich rasant zu enger wichteger Industrienation entwéckelt, liewen ëmmer nach eng 25 % vun de Leit an Armut. An a ronderëm di südwestindisch Stad Belgaum setzt sich d'Organisatioun Jana Jagaran ënner der Leedung vum Pater Joe Chenakala zënter iwwer 25 Joer fir di Ënnerdréckt an a stäipt si an hirem Kampf fir e mënschewierdegt Liewen.

Et si besonnesch d'Fraen ëm déi Jana Jagaran sech këmmert, well si besonnesch benodeelegt sinn. An d'Ausbildung an d'Gesondheet vun de Meedecher gëtt manner investéiert an d'Frae sinn duebel belaascht mat der Aarbecht am Haus an dobaussen.

Zu den Aktivitéite vu Jana Jagaran zielt dohir d'Ausbildung vu Fraen an de Beräicher Ernährung a Gesonheet. Doriwwer eraus gi Schéifer ënnerstëtzt, well d'Iwwerliewe vu ville Famillje vun der Schofszuucht ofhängt. Jana Jagaran versicht och di traditionell Handwierkstechniken ze erhalen, besonnesch d'Bitze vu Poschen aus Schofswoll, fir op déi Manéier ville Fraen an hire Familljen e gesechert Akommes ze garantéieren.

D'Actioun am Parverband

De Projet ass an Zesummenaarbecht mat der Action Solidarité Tiers Monde Lëtzebuerg (ASTM) gelaf a bis de Juni 2007 si 55.673 € (*) fir d'Actioun gespend ginn. Am Numm vun de Leit aus Indien soe mir all Donateuren nach eng Kéier e ganz häerzleche MERCI.
De Scheck ass an der Kannermass vum 9. Juni 2007 zu Rued an der Kierch iwwerreecht ginn.

(*) Nom definitiven Ofschloss ass den Total esouguer op 60.083,94 € geklomm. D'Donen setzen sech esou zesummen:

Dons Communion 200711.461,40 €
Collectes Roodt - Syr4.253,99 €
Collectes Mensdorf2.079,84 €
Collectes Olingen1.673,50 €
Collectes Flaxweiler1.489,86 €
Collectes Betzdorf925,00 €
Collectes Niederdonven1.835,00 €
Don Mémoire Léonie Muller-Gaasch870,00 €
Don Mémoire Angèle Birnbaum2.815,00 €
Don Mémoire Wally Wagner-Alfter3.847,00 €
Don Mémoire Théo Nicolay1.003,00 €
Collectes Mémoire Jean Haan299,00 €
Collectes Mémoire Anny Ruppert931,85 €
Collectes Mémoire Nicolas Lahr350,00 €
Don Mémoire Maria Dondelinger-Engel3.460,00 €
Don Mémoire René Mellina 6.460,00 €
Don Chorale Ste Cécile Flaxweiler200,00 €
Don Chorale Ste Cécile Roodt/Syr775,00 €
Don Fraen a Mammen Rued/Syr1.000,00 €
Don Fraen a Mammen Betzder500,00 €
Don Chorale et Fanfare Niederdonven670,00 €
Don Fraen a Mammen Donven500,00 €
Don Hélène David250,00 €
Don Maria Greis / Fête de la St. Sylvestre350,00 €
Don Neumann- Neumann500,00 €
Don Aktioun Kommuniounskanner Ouljen493,30 €
Don Locarlux2.500,00 €
Don Actioun Kichelcher29,70 €
Dons individuels6.474,50 €
Don Ferdinand Biel-Meyers / Anniversaire550,00 €
Vente Kierf aus Indien1.537,00 €
Total60.083,94 €


Photoen aus der Kannermass vum 8. Juni 2007