PARVERBAND WIDDEBIERG
 

Hëllefsactioun 2000/2001

défi asbl: Hëllef fir Hincesti (Moldavien)

D'asbl défi

D’asbl défi, dat heescht de «Comité pour la promotion de l’education de la Formation et de l’Intégration des détenus de Givenich» ass vu Membere vum Personal aus dem Centre pénitentiaire vu Givenich an hire Frënn 1991 gegrënnt gin.
Den 23. Abrëll 1999 huet den Ausseministère der Associatioun de Statut vun enger ONG (Organisation non-gouvernementale) ginn. De 26. November 1999 gouf der Associatioun zousätzlech d’«utilité publique» zouerkannt. défi verwalt verschidde Projeten wou d’Prisonnéier gehollef kréien, hire Wee an d’Gesellschaft zreckzefannen.

De Projet

De Projet geet zréck op eng Initiative vun der asbl défi, déi 1997 en éischte Kontakt mat Moldavien hat, wéi si mat der Liwwerung vun engem Sanitärblock a vun Decken an e Kannerheem op Hincesti gefuer ass. Hincesti, eng Stat vu 6.000 Awunner, läit 30 km südwestlech vun der moldawescher Haaptstaad Chisinau.
D'Leit vun défi hunn d’Kanner hei an engem verwahrlosten Zoustand opfonnt; d’Personal aus dem Heem hat e gudden Deel vun de Kanner schon hirem Schicksal iwwerlooss. défi huet kuerz drop en éischte Convoi mat Liewensmëttelen op d’Plaz geschéckt.
Zil war et awer weiderhin, och fir d’Zukunft vun de Kanner ze suergen. Dofir ass een Deel vum Heem an d’Rei gesat gin an d’asbl hat geplangt fir an de Méint a Joren duerno d’Gebaier komplett ze renovéieren.
De Bauprojet, dee vun engem lëtzebuergeschen Architekt ausgeschafft gi war, huet sech op 36 Millioune Frang (ronn 892.000 €) belaf, wouvun 2/3 vum Lëtzebuerger Staat iwwerholl gi sinn.

D'Actioun am Parverband

An der Kierch vu Betzder ass Samschdes de 7. Juli 2001 de Scheck iwwer 2 Milloune Frang (49.579 €) un d'Vertrieder vun défi iwwerreecht ginn.
Den Erléis vun der Actioun setzt sech aus dësen Donen zesummen:

Affer an deene 5 Parkierchen17.129,44 €
31 Privatdonen aus dem Parverband6.230,56 €
41 Privatdonen vun auswäerts1.958,36 €
Donen, déi direkt un défi iwwerwise goufen7.015,39 €
Don vun der Gemeng Betzder2.478,94 €
Don Chorale Rued247,89 €
Don CTF Ouljen1.239,47 €
Don Fraen a Mammen Betzder619,73 €
Don Fraen a Mammen Rued495,79 €
Don Pomjeeën Menster4.957,87 €
Donen éischt Kommioun7.054,06 €
Don vun de Rueder Klibberkanner151,21 €
Total49.578,71 €